alesontia uni roude leif
ALESONTIA
 
INFORMATIOUNEN
VERSCHIDDENES

 

Alesontia

 

Club vun den Lëtzebuerger Studenten zu Bonn


Wat heescht dann eigentlech ALESONTIA??
Alesontia ass dat laténgescht Wuert fir Uelzëcht. De Club gouf an engem kale Wanter 1932 vun enger Handvoll Idealisten gegrënnt, déi, wäit vun der Heemecht verbannt, der Meenung waren, datt et sech zesumme géng besser liewen a studéiere loossen, an datt een zesummen a bewaffnet mat engem Cerkel géng méi respektéiert ginn.

De Moment sinn ronn 60 Prozent vun de Lëtzebuerger, déi zu Bonn studéieren, och am Club aktiv. De Veräin steet ënner kenger politischer Schlapp an huet als eenzeg Aufgab, duerch gemeinsam organiséiert Aktivitéiten, sief dat um sportleche, kulturellen oder kulinarische Plang, de Lëtzebuerger an och hire Komeroden d'Studenteliewen e bësschen méi agreabel an einfach ze gestalten. Begrëffer wéi Aweiung, Chrëschtiessen,a Stammdësch fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen, sinn sou munch engem Lëtzebuerger an och Däitschen e festen Begrëff ginn, an dat guer net am schlechte Sënn. Et bestinn och gudd Bezéiungen matt den Cerkelen vu Köln an Oochen, d.h. et gëtt mol dat eent oder dat anert zesummen ënnerholl.

Sou ass natierlech all Lëtzebuerger, deen zu Bonn studéiert oder och soss iergendeppes zu Bonn ze dinn huet, ëmmer häerzlech wëllkomm bei eisen Aktivitéiten mattzemaachen. An et léisst sech wierklech soen, datt d'Memberschaft am Club net nëmmen an der Fräizäit Virdeeler ka bréngen!
Esou munch ee verzweifelten Student (an der gin et ëmmer genuch), war schon oft frou, wann een aneren him weiderhëllefen konnt oder him wéinstens een Tipp konnt ginn, wou hien eppes fënnt.

Dofir ass dest Informatiounsblad och eng Art Invitatioun fir méi zaghaft oder onentschlossen Leit, déi sech soss viläicht net géifen trauen, op iergendeen zouzegoen, sech bei engem vun eis ze mellen, well mir hëllefen wierklech gären an allen Beräicher weider, sou wäit mir kënnen.

Jiddereen, deen et also eng Kéier sollt op Bonn verschloen, ass häerzlech wëllkomm!

 

ALESONTIA

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

counter